FR/LU

Well d’Educatioun vun
eise Kanner verlaangt
Häerz a Kompetenz.

Well d’Educatioun vun
eise Kanner verlaangt
Häerz a Kompetenz.

Well d’Educatioun vun
eise Kanner verlaangt
Häerz a Kompetenz.

Well d’Educatioun vun
eise Kanner verlaangt
Häerz a Kompetenz.

Well d’Educatioun vun
eise Kanner verlaangt
Häerz a Kompetenz.

Enseignant:
E passionante Beruff

De Beruff vum
Enseignant huet evoluéiert

De Bildungsuspréch vum
Enseignement gerecht ginn

De Philippe Arendt ass e jonken dynamesche Schoulmeeschter, deen am Enseignement säin Dramberuff fonnt huet. Am Podcast erzielt hien iwwert seng eege Schoulzäit, déi him Loscht ginn huet fir dëse Beruff och selwer ze wielen. Hien hëlt eis mat a säin Alldag an der Schoul a schwätzt iwwert seng éischt Erfarunge virun de Schüler, mat den Elteren an a senger Ekipp. Loosst Iech an dësem Podcast vum Philippe senger Begeeschterung matrappen.

Am zweete Podcast schwätze mir mam Géraldine Krier, enger Enseignante déi schonn 20 Joer am Beruff ass, déi den Alldag also mat enger gudder Portioun Routine meeschtert, sech awer och ëmmer nees gären nei erfënnt. D'Géraldine erzielt eis, wéi d’Schoulhalen sech an de leschte Jore verännert huet. Eng zolidd Initialausbildung ass wichteg, fir den Erausfuerderunge vum Beruff gewuess ze sinn. Mee och déi schéi Säite vum Beruff kommen an dësem Podcast net ze kuerz an d’Géraldine erzielt, wéi schéin et ass, d’Kanner op hirem Wee ze begleeden a wéi vill ee vun hinnen zeréck kritt.

D’Vanessa Schetgen ass den Invité vun eisem drëtten a leschte Podcast. Als Vizepresidentin vum SNE/CGFP erkläert d’Vanessa eis d’Hannergrënn vun der Campagne, déi d’ Gewerkschaft dëst Joer lancéiert huet. Et geet drëm, de Beruff ze promovéieren an eng eenheetlech qualitativ héichwäerteg Initialausbildung, esou wéi e Recrutement op Masterniveau ze fuerderen. Also: 3+2=Master. Mee niewent dem Engagement als Gewerkschaftlerin ass d’Vanesssa awer och Enseignante, an hat erzielt eis mat Engagement an Emotioun vu sengen Erfarungen an dësem Beruff.

Fachlech, pedagogesch a sozial Kompetenzen

An dëse Videon erzielen Studenten, esou wéi jonk a confirméiert Schoulmeeschteren a Léierinnen, firwat si sech fir de Beruff vum Enseignant entscheed hunn a firwat et wichteg ass, sech mat Häerz a Kompetenz dofir ze engagéieren.

Dës Interviewe weisen Enseignanten déi dee Beruff aus voller Iwwerzeegung gewielt hunn. Vill Engagement ass verlaangt an dat all Dag op e Neits. De Schoulmeeschterberuff ass eng Vocatioun an erfuerdert vill verschidde Kompetenzen, déi een nëmmen duerch eng qualitativ héichwäerteg Initialausbildung an e grousse perséinlechen Asaz entwéckele kann. Eng gutt Initialausbildung ass d’Fundament an eng vun den Haaptviraussetzunge fir de Beruffsalldag kënnen ze meeschteren a fir d’Kanner beschtméiglech op hiert weidert Liewe virzebereeden.

ET GËTT 1 EENHEETLECHE WEE

Présentation 2 options

Den SNE/CGFP fuerdert eng eenheetlech Initialausbildung op Masterniveau fir d‘Enseignanten aus dem Enseignement fondamental an der Voie de préparation aus dem Enseignement secondaire général.

Den SNE/CGFP plädéiert also fir en „3 + 2 Studium“. Fir d’éischt sollen d’Studenten e Bachelor (Reegelstudienzäit 3 Joer) an duerno e Master (Reegelstudienzäit 2 Joer) maachen. Also “3+2=Master” fir all zukünfteg Enseignanten!

Optioun 1:

E Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften an duerno eng Spezialisatioun op Masterniveau.

Optioun 2:

E Bachelor an engem Fach a Relatioun mat der Schoul an duerno e Masterstudium an den Erzéiungswëssenschaften.

3+2=Master

Fir den SNE/CGFP féiert kee Wee laanscht e Masterstudium fir d’Enseignanten aus dem „Enseignement fondamental“ an der „Voie de préparation“ vum “Enseignement secondaire général”. D’Defien an d’Uspréch un de Beruff hunn an de leschte Joren enorm zougeholl an huelen och an den nächste Joren net of. D’Zukunft vun eise Kanner muss eis et wäert sinn, hir Bildung an d’Hänn vun optimal ausgebiltenem Personal ze leeën. Eng Initialausbildung op Masterniveau ass eben déi beschtméiglech Ausbildung fir eis Enseignanten.

3+2 = master

Kontaktéiert eis